

2025'er INTERNATIONAL MUSTANG MEETING MONDORF
458 Mustangs!
10. an 11. Oktober
Trotz dem méi duerchwuessenem Wieder war den desjähregen International Mustang Meeting vum Vintage Mustang Club Lëtzebuerg nees e vollen Erfolleg.
Alles war e bësselchen aanescht dëst Joër. Wéinst dem Chantier op der Place des Villes Jumelées ware mir gezwongen e ganz neit Konzept opzeschaffen fir de Meeting nei z'organiséieren.
Ernimmen muss een hei dat mir vun der Munnerefer Gemeng ganz vill an der Planung an an der Emsetzung ënnerstetzt goufen. E ganz groussen Merci geet un den Buergermeeschter Steve Reckel an un d'Mataarbechter vum Service Technique.
Eise Food-, Entertainment- a Merchandise Village hu mir op déi westlech Säit vum Parking bei d'Schoul misse relocéieren. Dëst ass allgemeng gutt akzeptéiert ginn.
An neess hu ganz vill Mustangen de Wee aus Lëtzebuerg an aus dem Ausland op Mondorf fonnt.
Vill sinn der komm a mir als Lëtzebuerger Club dierfen mat Recht stolz op eisen Event sinn. Dat och op internationalem Niveau. Mir kruten ganz oft vun eise Visiteuren un d’Häerz geluecht dat eppes wéi dëse Meeting néierens soss an der Groussregioun ze fannen ass a virun allem dat et perfekt organiséiert ass!
Mir haten fir d'Animatuoun e "Village" organiséiert bestehend aus:
-Food-Village mat villerlee Gedrenks- an Iesstänn a Food trucks,
-Kommerziell Stänn wéi z.B. de Garage Wengler, Rock-a-billy Style Bekleedung, Souvenieren, Autos Deeler, Gadjeten...
-An Live-Music Entertainment.
Deelgeholl hu Mustang Frenn aus Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich, Belsch, Schwäiz, Holland a Finland!
Bei méi frëschen Temperaturen war et e Fest fir jiddereen. Dem Besucher kascht et keen Entrée! Et wier anscheinend dat gréisste Fest am Joer an der Gemeng Mondorf. Mir haten 458 Mustangen gezielt a schätzen dat wäit iwwer 5000 Visiteuren de Wee dohinn fonnt haten.
Gudde Mëtteg léiwe Member,
Mer hunn et erëm eng Kéier fäerdeg bruecht Munneref an Aktioun ze versetzen. Dank der perfekter Zesummenaarbecht vun den Akteuren um Terrain (Helping Hands a Kommitee) kënne mer mat der geleeschter Aarbecht méi wéi zefridde sinn.
Insgesamt hunn 458 Mustangen (380 Gäscht an 78 Memberen) iwwert de Weekend de Wee op Munneref font.
Am Numm vum Kommitee e ganz grousse MERCI 🫶🫶iech all fir d'Ënnerstëtzung an mer freeë eis schonn op den nächste Meeting den 9.+ 10. Oktober 2027.
Fir eis Saison ofzeschléissen, organiséiere mer elo nach eisen Hierschttour den nächste 18.Oktober 2027 op Rëmeleng an de Musée des Mines🤩🤩.
Mat léiwe Gréiss.
Donny WAGNER
President + PR Manager VMCL

We are International...






Don vun 1000€ un Ambulanz Wonsch asbl

E grousse Merci un de Vintage Mustang Club of Luxembourg!
Et war eis eng grouss Freed, de leschte Weekend bei ärem internationalen Treffen dobäi ze sinn. Merci fir déi häerzlech Invitatioun, är Ënnerstëtzung an äre generéisen Don un Ambulanz Wonsch ASBL.
Mat ärem Bäitrag hëlleft dir eis, Mënschen um Enn vun hirem Liewen, déi net méi selwer mobil sinn, lescht Wënsch ze erfëllen a wäertvoll Erënnerunge fir si an hir Famillen ze schafen.
En häerzleche Merci vun eiser ganzer Ekipp fir är Solidaritéit an äert grousst Häerz!
Eise Village...

VMCL Crew in action...






E Meeting kann net op d'Bee gestallt ginn ouni "Helping Hands", dofir soe mir all Member Merci deen dëse Weekend sou super matgehollef huet esou wéi dem Kommitee deen déi ganz Vir-arbescht geleescht huet datt sou en Treffen nees konnt statt fannen.
Eise Site hat follgend Equippen: Team Entrée, Team Parking, Team Buvette.
2 Deeg Action zu Mondorf...
ROMAGNA BOYS CREW:
Un immense merci à toute l’équipe de Vintage Mustang Luxembourg, pour votre accueil chaleureux, votre passion, et votre gentillesse. C’est toujours un plaisir de partager de beaux moments avec vous autour de ces magnifiques voitures et cette passion qui nous rassemble. Merci encore pour cette belle organisation et à très bientôt pour de nouvelles aventures !
WILD PONIES OF HANAU:
Im Namen der Wild Ponies of Hanau wollen wir uns für die diesjährige Veranstaltung 2026 herzlich bedanken. Ein großes Lob an alle, die im Hintergrund mit ganzem Herzblut die Veranstaltung tragen. Eine Herausforderung war dieses Jahr wohl das Wetter, aber weder Veranstalter noch Teilnehmer ließen sich abschrecken.
Der Vintage Mustang Club of Luxembourg hat einen besonderen Draht zum Wettergott und den Mustang-Begeisterten. Auch im nächsten Jahr ist der Termin wieder fest eingeplant.
Bernhard Meier
SWISS MUSTANG:
Wir waren schon zum vierten Mal bei unseren Freunden vom Vintage Mustang Club of Luxembourg zu Besuch – und es war wieder einfach großartig! 💙
Wie immer wurden wir beim International Mustang Meet mit offenen Armen und offenen Herzen empfangen. Die Organisation war perfekt, und die Freude, euch alle endlich wiederzusehen, war riesig. Am Samstag sind die Emotionen dann übergekocht – es fühlte sich an, als wären wir zu unserem zweiten Zuhause zurückgekehrt. 🏁
Ein riesiges Dankeschön an das gesamte Team für eure Gastfreundschaft, Freundschaft, Herzlichkeit und Leidenschaft, mit der ihr dieses Treffen jedes Jahr zu etwas ganz Besonderem macht. 💫
Wir haben so viele schöne Gespräche geführt, neue Freundschaften geschlossen und alte aufgefrischt – genau das macht diese Gemeinschaft so einzigartig.
Wir freuen uns jetzt schon auf das nächste Wiedersehen – bis dahin bleibt gesund, haltet die Motoren warm und die Herzen offen! ❤
VMCL:
Ofschléissend kann ee soen dat mir als Club immens frou sinn, datt vill Leit de Wee bei ons op Mondorf fonnt hunn, fir d'Passioun mat deenen aneren a mat eis ze deelen.
Dëst alles wär awer net ouni d' Gemeng @mondorf_les_bains Méiglech gewiercht, deene mir e ganz grousse Merci soen! Merci och un all Stänn & Foodtrucks an dem Garage WENGLER, den dëst Joër seng 100 Joër feiert!
Schéin dass dir all en Deel vun eisem Treffen wart!
Save the date: 09.10.2027 & 10.10.2027
"Zesummen Ennerwee 2026"



E Sonnden, den 27. September war de VMCL mat 7 Mustangen op Biereng bei Miersch fir um “Zesummen Ennerwee” deelzehuelen.
Dest war schons dat 4. Joer an der Rei wou mir un dësem Event wat vum ROTARY Luxembourg District 2160 organiséiert gett, matmachen.
Et geet dorems fir handicapéierte Matmenschen eng Freed ze machen mat Aktivitéiten wou si am Alldag keen Accès hätten.
Bei allerschéinstem Hierschtwieder ass de VMCL mat senge Passgéier en flotten Tierchen gemittlech op gréisstendeels klenge Strossen bis op Mondorf an de Parc bei d'Orangerie gefuer wou et Kaffi a Kuch sollt ginn.
De VMCL huet sech vu senge Gäscht verabschied an déi wou wollten, sinn Owes nach op de Mierscherbierg bei d’La CELULA eppes leckers, no dem laangen Daag, iesse gaang.

Rétro Mobile,
ZAR Haneboesch
13.9.26
Den VMCL war op dësem flotten Event mat eisem Stand a mat 4 Mustangen vertrueden.
Et ass schéin ze gesinn wéi d'Vintage Car Community all déi Ween mat Hingabe a Léift pflegt.
Wien net komme konnt huet eppes verpasst.







After-Work am Dem Café, Keespelt, 7.8.26
Wéi schonns déi Joeren virdrunn hat de VMCL seng Memberen op den After-Work beim Demy Schandeler sengem Den Dem Café zu Keespelt geruff. Fir déi wou et nach net kennen, den Dem Café ass ganz an engem Stil den een "Automotive Nostalgia" nennt ageriicht. Dat ganzt ass super léif vum Alexandra a Laurent Schandeler an hierer Equipe encadréiert! Ganz flott, an den VMCL passt wonnerbar an dëse Kader.
Insgesamt waren eis Memberen mat 31 schéinen Mustangen präsent an hunn a gudder Gesellschaft a bei guddem Iessen e schéinen Owend, deen och nach durch perfekt Wieder begleet war, erliewt.
Eng nächste Kéier ass garantéiert.
















Slideshow; courtesy of Laurent Pohu.
2026 - Meeting vun eisem Partnerclub
WILD PONIES OF HANAU zu Mainhausen
E Sonndeg war de VMCL mat 17 Autoen um 23. Mustang Car Show vertrueden, deen vun eisem Partnerclub, de "Wild Ponys of Hanau", organiséiert gouf. Dobäi huet de VMCL d'Auszeechnung fir de Club mat de meeschte Mustangs gewonnen, déi eisen Éierepräsident, den Nic vir de Club entgéint geholl huet!
Et war erëm e wonnerbart Treffen mat flotten Autoen a léiwe Leit.
Hei nach e puer Wieder zu eisen leschten Aktivitéiten vun eisem President:
Léiwe Member,
Mat Verspéidung, mee eigentlech ass et nie ze spéit fir Merci ze soen, well ech heimadder dem Elke an dem Marc villmols Merci soen fir dee super Summertour dee mer den 12.07.2026 zesumme erliewen konnten. Vum Ufank zu Munneref, och wa mer net mam Ironman gerechent haten, bis zum Ausklang an der Hierber Brennerei, einfach eng gelongen Veranstaltung a mat 32 Autoen jo och net schlecht besicht. Och dem Traiteur Osweiler e grousse Merci fir dat wonnerbart Iessen.
De läschte Weekend waren dann 17 Memberen mat hieren Autoen um Treffen vun de Wild Ponies of Hanau zu Mainhausen dobäi an do kont eisen Eierepräsident, deen als Vertriedung vir de Kommitee, de Lead vun desem Tour iwwerholl hat, d'Eierrung als "de Club mat deene meeschten Autoen" vum Horst entgéint huelen. Merci Nic.
Als nächst Aktivitéit hu mer elo nach eisen After Work am DEM CAFE den 7.8.2026 (avis aux amateurs) fir all déi, déi nach net an der Vakanz sinn.
Deemno ass d'Zäit elo komm wou déi meescht sécher, mat oder ouni Mustang, vun der Vakanzenzäit profitéieren wäerten an dofir, wënschen ech der an denger Famill, am Numm vum ganze Kommitee, eng schéin Summerzäit, vill Sonn a Spass a mer gesinn eis dann allerspéitstens bei eiser 7er Editioun vum Internationale Mustang Meeting am Oktober dest Joer zu Munneref.













Summer Tour
12. Juli 2026




Mir hunn erëm eng Etappe an eisem Aktivitéitskalenner mat Freed a Genoss gepackt. De Summertour 2026 ass e Sonndeg bei sonnegem, ganz waarmem Wieder iwwer ganz interessant a flott Strécken hei am Land an mat engem groussen Deel u Passagen am Däitschen Grenzgebitt gefuer ginn.
Et war net sou einfach an de Roadbook war méi usprochsvoll wéi soss. Dat huet fir vill Spaass gesuergt. Iwwert zum Deel kanz klenge Weer ass et duerch déi Däitsch Muselsäit gaang mat flott verstoppten Plazen déi ze fanne waaren.
Munchereen huet se nat all fonnt an sech och e Mol verfuer. Et ass net sou einfach mat engem Roadbook säi Wee ze fannen. Do brauch een e gudde Co-Pilot!
Den Ironman 2026 huet ganz kuerzfristeg eise Routing op d'Kopp gestallt an eis national Toureplanner, Marc an Elke hu quasi a leschter Minutt eng Alternative vun 134 km gezaubert. Merci dem Elke an dem Marc fir déi gutt Aarbecht an der Wiel vun de Strécken.
Géint 13h sinn dann eis Mustangen bei der Hierber Brennerei agetraff, do ass dann eise lukulleschen Deel lass gang.
Fir e gudden Service an en anstännegen Catering vun der Metzlerei OSWEILER Echternach / Gréiwemaacher war gesuergt. Et huet sech wéi gewinnt bis géint der Owend higezunn.
Merci Dir, dass Du derbäi wars an Du kanns sécherlech dozou bäidroen, dass déi, déi net derbäi waren, déi nächste Kéier och matfueren.








Wéi emmer huet eise Member, Laurent Pohu eng Reih exzellent Fotoen vun eis geschoss. Hie leet sech emmer op interessante Plazen op d'Lauer.
D'Joomeo Foten hei drenner hunn de Virdeel dat een se a voller Qualitéit kucken an erofluede kann. Nodeel ass, am Mobile Mode ass et méi komplizéiert, am Desktop Mode super einfach.
Fête de la Rose MONDORF
7. Juni 2026



Food Truck Festival
WEILER la TOUR
7. Juni 2026





Sortie op Stein bei Nürnberg
23.-25. Mee 2026
Den FIRST MUSTANG CLUB of GERMANY huet eis och dëst Joër op hire Meeting am Park vun FABER - CASTELL (www.faber-castell.de) invitéiert fir do deelzehuelen.
Den Départ war zu Fréiseng, no enger Paus zu Hockenheim war da schonn d'Visite vum Schlass em 13h30.
Den Daag ass mat engem Iessen am Novina Hotel ofgeschloss ginn.
E Sonnden am Nometten ass et dunn op Speyer gaangen mat engem Owesiessen am Restaurant "Zur alten Münz".
D'Visit am Technikmuseum zu Speyer war e Päischtméinden.






.jpeg)



.jpeg)
Hettange - Grande
voitures de prestige
24. Mee 2026
.jpeg)


.jpeg)





Fréijoers Tour
3. Mee 2026




Léiwe Member,
Mat eisem Fréijoerstour, gëschter, hu mer mat nët manner wéi 31 Autoen an 63 Leit eis Saison 2026 éierevoll ageweit. No engem ganz flotten Tour duerch eis d'Ländchen (Merci fir déi gutt Orgnisatioun un d'Elke an de Marc) hu mer eis bei engem gudde Maufel am Restaurant DimmiSi zu Munneref erëmfont an den Dag zu engem perfekten Ausklang bruecht.
Heimadder soen ech, am Numm vum Kommitee, all deenen, déi aktiv mat derbäi waren, e grousse Merci fir déi gutt Disziplin a Stëmmung, déi sécher dozou bäigedroen huet, dass mer och desen Tour net esou séier vergiessen wäerten.
De nächsten nationalen Tour ass dann eise Summertour den 12.07.2026 an ech hoffen, dass mer do nach méi Memberen begéschtere kënnen fir mam Mustang duerch eist Ländchen ze "cruisen".
Genéist all Moment mat ärem Päerd a bis geschwënn.
P.S. am Unhang e puer Biller déi de Laurent fir eis geschoss huet. Him och e Merci fir seng Disponibilitéit.
Donny WAGNER
Mustang Fever
Heusden - Zolder (B)
Abrëll 2026

De Weekend vum 18. an 19. Abrëll war de VMCL mat 14 Mustangs op Heusden bei Mustang Garage vum Adelbert Engler dem selbsternannten "Mustang Guru" .
Mir si wéi gewinnt am Convoi vun Housen aus zesummen dohigefuer. Alles huet wonnerbar geklappt.
Am ganzen Duerf woren iwwer 400 Mustangen ausgestallt. Fir Ambiance wor gesuergt an eis Club Memberen -eng Parti neier woren derbäi- hunn sech dat ganzt ugekuckt.
Eist gemeinsamt Owesiessen e Samsdeg wor wéi emmer en Highlight a Stëmmung ass am VMCL kee Mangel. Eis nei Memberen si lo gutt intégréiert mengen ech. Et huet hinnen risege Spaass gemach an si sin begeeschtert fir nach vill Sortien matzemachen.
The Mustang Garage:
"Wärend der 24. Editioun hu mir den ikonesche Mustang mat Mustang-Besëtzer a -Liebhaber gefeiert. Dëst Joer gouf et e puer speziell Ukënnegungen. De Mustang Garage geet elo weider ënnert dem Numm The Musclecar Garage an d'Sammlung vu méi wéi 12.000 Miniatur-Mustangs kann am Mustang Museum Belgium bewonnert ginn. Follegt de Mustang Garage op Facebook fir all Aktualiséierungen iwwer Editiounen!"





Generalversammlung / AGO 2026







Freides de 06. März 2026 hat de VMCL op seng alljähreg Generalversammlung op Mondorf an den Bierger a Kulturzenter invitéiert.
Eng ronn 30 Leit hunn am Public bäigewunnt a Presenz vum Buergermeeschter Steve Reckel a Memberen aus dem Schäfferot. Gemeng a Club hu sech géigesäiteg fir déi gutt Zesummenarbecht begléckwenscht an och versprach dat an Zukunft sou ze halen.
Neijoërspatt 2026 fir eis Memberen
16.01.26
E Freiden den Owend, den 16. Januar 2026 hat de VMCL op säin traditionellen Patt fir d’neit Joër zu Munneref am Bierger a Kulturzenter agelueden.
De Club hat all d’Memberen op en Iessen invitéiert dat ganz gutt opgeholl gouf. Mir haten eis an enger geselleger Atmosphär versammelt fir 2025 ofzeschléissen an mat Elan 2026 unzegoën.
De Comité hat sech em d’Opriichten an Arrangéieren gekëmmert. De Metzler Clement hat fir e gudde Catering gesuergt an nom Apéritif gouf et eng wonnwebar Kallefsbrëschtchen. Qualitéit a Quantitéit hunn näischt ze wënschen iwwereg geloos.
Eisen Dinner gouf vu liewege Gespréicher an enger entspaanter Atmosphär begleet an zum Schluss gouf et nach Kaffi an Taart .
Den Owend ass an enger entspaanter Atmosphär ofgeschloss ginn an huet secherlech fir jiddereen e positiven Androck hannerlooss. Den dësjärege Patt kann als e komplette Succès ugesi ginn a wäert op jidde Fall nach laang eng geschätzten Erënnerung fir d'Membere bleiwen.



