

LOF Newsletter 01 2026

Léif Memberen, Léif Frënn vun den Oldtimer,
E neit Joer, e neien Elan. D'Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun A.s.b.l. wënscht all senge Memberen, Partner, Sponsoren a Frënn e schéint neit Joer matt vill Aktivitéite ronderëm a matt ären alle Schätz. Och mir hu nei Iddien a vill gutt Virsätz fir nach méi op är Demanden a Froen anzegoen. Dëst Joer wäert ee vun den Haaptakzenter op der Kommunikatioun leien, wou mer ons bewosst sinn dat nach vill Aarbecht virun eis läit. En Deel vun den Iddien wäerte mer iech op eiser Generalversammlung den 22 Januar zu Steesel virstellen. Hei e puer Informatiounen iwwert Aktivitéiten déi scho bekannt sinn.
Assemblée générale den 22. Januar 2026
Wéi d'lescht Joer ass eis Generalversammlung zu Steesel am Centre Culturel. Dës Versammlung fänkt um 19.30 Auer un. D'Aschreiwung leeft dëst Joer iwwert e QR-code deen an der Entrée affichéiert ass. D'Convocatioun (vun elo un nach just iwwert mail) ass an der Annexe zu dësem Newsletter.
Design-Concours fir eis Renault Estafette
De Concours ass lancéiert wéi geplangt säit dem 1/11/25. Den Interessi hält sech zwar a Grenze mee et sinn awer e puer Kandidaten déi den Dossier ugefrot hunn. D'Resultat gesi mer Ufank Mäerz an um Autojumble am Detail. All weider Informatiounen zur Aschreiwung (et ass nach Zäit) fannt Dir op eiser Internetsäit www.lof.lu.


AUTOJUMBLE 2026
​
D'Aschreiwunge fir den Autojumble 2026 mam Thema "Japan Classic" lafen. Och hei hält den Interessi bei de Clibb sech a Grenzen. Mir sinn op iech ugewise fir d'Hal dës Kéier voll ze kréien. D'LuxExpo mécht d'Rechnung op d'Hal voll ass oder net. D'Resultat op finanziellem Plang war 2025 e grousst Lach an der Kees wat och net konnt iwwert de Sponsoring (wéi an der Zäit) opgeholl ginn. Op d'Dauer kënne mer awer net sou viru fueren.
De Formular fir e Stand ze reservéieren ass op eisem Site disponibel. Waart net ze laang fir d'Reservatioun, deen éischten ass vir bei der Plazverdeelung.
Wann der extra Iddien hutt fir äre Stand dann zéckt net eis ze kontaktéieren. Gäre schaffe mer matt iech zesummen un der Lag an der Gréisst vum Stand an der Hal.
ROI - Règlement d'ordre intérieur
​
Zum ROI ass déi eng oder aner Remarque era komm. Den Delai dee mer gefrot haten (9/12) war awer leider respektéiert ginn sou dat dëst net méi konnt an de legalen Delaie vum Comité diskutéiert ginn a matt an dës éischt Versioun ageschafft ginn. Mir ginn awer op der AG dorop an, se kënnen dann an eng erweidert Versioun vum ROI afléissen wann dir et fir gutt fand.
​
Réckbléck 2025
​
Zum Schluss nach e klenge Réckbléck op d'Joer 2025.
​
Nieft den Oldtimer Breakfast's déi en enorme Succès bei de Partner a bei de Visiteuren haten, ass och am Mee eng éischte Kéier en Afterwork (bei ANG) probéiert ginn. Dëst war ebenfalls gutt ukomm. D'Iddi war eppes méi ze probéiere, well mer net méi genuch Sonndeger am Joer hunn an d'Partner an der Schlaang sti fir e Breakfast kënne ze organiséieren. D'Datumer vun 2026, souwäit wéi lo scho bekannt, sinn op eisem Site oder am LOF Kalenner ze fannen.
Wéi scho gesot war den Autojumble e Succès bei deenen déi dobäi ware sief et matt engem Stand oder als Visiteur. D'Visiteurszuele waren matt 4.500 ronn 1000 Visiteuren ënnert den Zuele vun 2025, bedéngt haaptsächlech duerch dat gutt Wieder (den éischte Weekend am Joer wou et gutt war). Duerch dee Manque sinn dann och d'Verkafszuelen am Bar erof gaang wat dann de groussen Defizit erkläert.
​
De LOF-Tour fir den Télévie hat och manner Aschreiwunge (180) wéi 2025 (250). Trotzdeem konnte mer en Don vu 6.300 € un den Télévie maachen.
​
Op offiziellem Plang haten mer eng Reunioun um Ministère du Transport. Mir hu matt hinnen eis Iddi diskutéiert e System anzeféieren, fir en Oldtimer och nobaussen als Oldtimer ze erkennen ze ginn. Dëst ass haaptsächlech wichteg wa mer an d'Ausland fueren an do mussen duerch Klimazone fueren. Am Ausland ginn et zum deel Erkenngssystemer (H-Kennzeechen an Däitschland oder O-Plaque an der Belsch). Mir hu just wéi am Frankräich eng Linn op der groer Kart stoen. Mir haten och Kontakt mam ADAC heiriwwer. D'Äntwert: da leet einfach d'gro Kart an den Auto huet ons net iwwerzeecht, haaptsächlech net bei engem Cabrio. An der Diskussioun um Ministère ass raus komm datt si net ofgeneigt sinn sou e System (zum Beispill e QR-code deen op eng offiziell Säit als Confirmatioun verweist, änlech dem Covid-Zertifikat). Si wëllen awer en eenheetleche System an dëst géif och just eng Kéier an d'Weeër geleet ginn. Nodeems dunn awer an de Länner, wou Klimazonen aktiv sinn, nogekuckt ginn ass wat gebraucht gëtt, hu mer awer misste feststellen dat just an Däitschland de Probleem besteet. All déi aner Länner hunn hier eege Bestëmmungen an d'Derogatioune fir Oldtimer mussen iwwerall (an iwwerall anescht) eenzel ugefrot ginn. Als Conclusioun hu mer fonnt dat et de Moment den Opwand net wäert ass, en Erkennungssystem hei zu Lëtzebuerg anzeféieren. Méi heizou nach op der AG.
​
Eng aner Reunioun hate mer op der Douane fir de Problem Oldtimer op der Remorque an engem Drëttland (Schwäiz; England) ze klären. A kuerze Wieder: - en Auto op enger Remorque ass keen Auto méi mee eng Wuer!! Et zielt also d'Gesetz vum Wuerentransport.
- Transit duerch d'Schwäiz: Een dee matt sengem Auto a mam Oldtimer (oder neien Auto) op der Remorque duerch d'Schwäiz wëllt fueren dee muss Import/Export Pabeieren an d'Rei maachen. Heivir gëtt et en extra Formular (CPD - carnet de passage en douane) beim ACL. Dëse Formular muss an der Schwäiz gestempelt oder neierdéngs gescannt ginn bei der Afaart a bei der Ausfaart. Gëtt een ouni dës Pabeieren an der Schwäiz erwëscht kann et mol deier gi well ee géingt d'Wuerentransportgesetz verstouss huet. - An der Schwäiz ka beim Transit (ab engem Wuerewäert vu 5.000 €) eng Kautioun vun 10 % bei der Afaart gefrot ginn. Dës kritt een awer nees bei der Ausfaart zeréck.
- E nächste Fall ass net den Transit mee an d'Land fueren, op en Treffen oder e Salon oder fir eng Reparatur. Och heifir sinn Importformalitéiten ze maachen ouni déi et och kann deier ginn. Hei ass de Formular ATA op der Chambre de Commerce ze kréien. Méi einfach ass et awer och iwwer de Formular CPD beim ACL ze fueren. Dëst alles schreiwe méi am Detail an engem Artikel op eise Site.
​
Bei onse Partner a Sponsoren si mer och frou nei Kontrakter ofgeschloss ze hunn déi zum Deel ab lo oder ab dem 1. Abrëll fir e Joer lafen. E vun dëse neie Partner ass d'Firma REINERT Automobile - Industrie - Sécurité. Dës Firma wäert iech gutt bekannt sinn. Si sinn elo offizielle Vertrieder vu MOTUL. All d'Produite vu Motul si bei hinnen ze kréien. Weider ginn si och besser Konditioune un d'Membere vun der LOF. Bei der Firma Reinert läit eng Lëscht mat de Clibb déi an der LOF Member sinn. Sot äre Membere Bescheed datt si just brauchen ze soen a wat fir engem Club se sinn oder hir Memberskaart ze weisen, fir vun de gudde Konditiounen op all Produit kënnen ze profitéieren.
mat léiwe Gréiss
​
De Comité vun der LOF
LOF Newsletter 01 2025










