
Aktivitéiten Kalenner VMCL 2026
Läschten Update: 27/05/26

Sortie op Stein bei Nürnberg
23.-25. Mee 2026
Den FIRST MUSTANG CLUB of GERMANY huet eis och dëst Joër op hire Meeting am Park vun FABER - CASTELL (www.faber-castell.de) invitéiert fir do deelzehuelen.
Den Départ war zu Fréiseng, no enger Paus zu Hockenheim war da schonn d'Visite vum Schlass em 13h30.
Den Daag ass mat engem Iessen am Novina Hotel ofgeschloss ginn.
E Sonnden am Nometten ass et dunn op Speyer gaangen mat engem Owesiessen am Restaurant "Zur alten Münz".
D'Visit am Technikmuseum zu Speyer war e Päischtméinden.






.jpeg)



.jpeg)
Fréijoers Tour
3. Mee 2026




Léiwe Member,
Mat eisem Fréijoerstour, gëschter, hu mer mat nët manner wéi 31 Autoen an 63 Leit eis Saison 2026 éierevoll ageweit. No engem ganz flotten Tour duerch eis d'Ländchen (Merci fir déi gutt Orgnisatioun un d'Elke an de Marc) hu mer eis bei engem gudde Maufel am Restaurant DimmiSi zu Munneref erëmfont an den Dag zu engem perfekten Ausklang bruecht.
Heimadder soen ech, am Numm vum Kommitee, all deenen, déi aktiv mat derbäi waren, e grousse Merci fir déi gutt Disziplin a Stëmmung, déi sécher dozou bäigedroen huet, dass mer och desen Tour net esou séier vergiessen wäerten.
De nächsten nationalen Tour ass dann eise Summertour den 12.07.2026 an ech hoffen, dass mer do nach méi Memberen begéschtere kënnen fir mam Mustang duerch eist Ländchen ze "cruisen".
Genéist all Moment mat ärem Päerd a bis geschwënn.
P.S. am Unhang e puer Biller déi de Laurent fir eis geschoss huet. Him och e Merci fir seng Disponibilitéit.
Donny WAGNER
Mustang Fever
Heusden - Zolder (B)
Abrëll 2026

De Weekend vum 18. an 19. Abrëll war de VMCL mat 14 Mustangs op Heusden bei Mustang Garage vum Adelbert Engler dem selbsternannten "Mustang Guru" .
Mir si wéi gewinnt am Convoi vun Housen aus zesummen dohigefuer. Alles huet wonnerbar geklappt.
Am ganzen Duerf woren iwwer 400 Mustangen ausgestallt. Fir Ambiance wor gesuergt an eis Club Memberen -eng Parti neier woren derbäi- hunn sech dat ganzt ugekuckt.
Eist gemeinsamt Owesiessen e Samsdeg wor wéi emmer en Highlight a Stëmmung ass am VMCL kee Mangel. Eis nei Memberen si lo gutt intégréiert mengen ech. Et huet hinnen risege Spaass gemach an si sin begeeschtert fir nach vill Sortien matzemachen.
The Mustang Garage:
"Wärend der 24. Editioun hu mir den ikonesche Mustang mat Mustang-Besëtzer a -Liebhaber gefeiert. Dëst Joer gouf et e puer speziell Ukënnegungen. De Mustang Garage geet elo weider ënnert dem Numm The Musclecar Garage an d'Sammlung vu méi wéi 12.000 Miniatur-Mustangs kann am Mustang Museum Belgium bewonnert ginn. Follegt de Mustang Garage op Facebook fir all Aktualiséierungen iwwer Editiounen!"





Generalversammlung / AGO 2026








Freides de 06. März 2026 hat de VMCL op seng alljähreg Generalversammlung op Mondorf an den Bierger a Kulturzenter invitéiert.
Eng ronn 30 Leit hunn am Public bäigewunnt a Presenz vum Buergermeeschter Steve Reckel a Memberen aus dem Schäfferot. Gemeng a Club hu sech géigesäiteg fir déi gutt Zesummenarbecht begléckwenscht an och versprach dat an Zukunft sou ze halen.
Neijoërspatt 2026 fir eis Memberen
16.01.26
E Freiden den Owend, den 16. Januar 2026 hat de VMCL op säin traditionellen Patt fir d’neit Joër zu Munneref am Bierger a Kulturzenter agelueden.
De Club hat all d’Memberen op en Iessen invitéiert dat ganz gutt opgeholl gouf. Mir haten eis an enger geselleger Atmosphär versammelt fir 2025 ofzeschléissen an mat Elan 2026 unzegoën.
De Comité hat sech em d’Opriichten an Arrangéieren gekëmmert. De Metzler Clement hat fir e gudde Catering gesuergt an nom Apéritif gouf et eng wonnwebar Kallefsbrëschtchen. Qualitéit a Quantitéit hunn näischt ze wënschen iwwereg geloos.
Eisen Dinner gouf vu liewege Gespréicher an enger entspaanter Atmosphär begleet an zum Schluss gouf et nach Kaffi an Taart .
Den Owend ass an enger entspaanter Atmosphär ofgeschloss ginn an huet secherlech fir jiddereen e positiven Androck hannerlooss. Den dësjärege Patt kann als e komplette Succès ugesi ginn a wäert op jidde Fall nach laang eng geschätzten Erënnerung fir d'Membere bleiwen.



