top of page

After-Work am Dem Café, Keespelt,  7.8.
 

Wéi schonns déi Joeren virdrunn hat de VMCL seng Memberen op den After-Work beim Demy Schandeler sengem Den Dem Café zu Keespelt geruff. Fir déi wou et nach net kennen, den Dem Café ass ganz an engem Stil den een "Automotive Nostalgia" nennt ageriicht. Dat ganzt ass super léif vun der Famill Schandeler encadréiert! Ganz flott, an den VMCL passt wonnerbar an dese Kader.

 

Insgesamt waren 34 Leit präsent an hunn a gudder Gesellschaft a bei guddem Iessen e schéinen Owend, deen och nach durch perfekt Wieder begleet war, erliewt. 

Eng nächste Kéier ass garantéiert.

Summertour den 13.7.


 

Léiwe Member,

 

Mer hunn erëm eng Etappe an eisem Aktivitéitskalenner gepackt. De Summertour 2025 ass e Sonndeg bei wonnerschéinem Wieder iwwer ganz interessant a flott Passagen hei am Land an am noen Grenzgebitt ouni ee Problem zu Munneref ukomm (Merci dem Elke an dem Marc fir déi gutt Aarbecht an der Wiel vun de Strécken an der Opstellung vum Roadbook). Nodeems all Mustangen propper op der Gemengeplatz geparkt waren, hunn mer eis dann a gudder Ambiance am Restaurant DIMMISI déi ausgewielten Menuen mat guddem italieneschem Wäin schmaache gelooss.

Merci dier, dass du derbäi wars an du kanns sécherlech dozou bäidroen, dass déi, déi net derbäi waren, déi nächste Kéier och matfueren.

Am Unhang e puer Fotoen als Erënnerung.

Mer gesinn dech dann hoffentlech erëm bei eisem After Work am Dem Café zu Kéispelt den 7.8.2025. Eng Invitiatioun kënt nach no.

Léiw Gréiss.

 

Donny WAGNER

President + PR Manager  VMCL


Genéisst dem Laurent Pohu seng Fotoen .

2025 - Meeting vun eisem Partnerclub WILD PONIES OF HANAU zu Mainhausen

 




Léiwe Member,

 

Am Numm vum Kommitee wëll ech all deene Memberen (13), déi un eisem Tour op de Meeting vun eisem Partnerclub "WILD PONIES OF HANAU de läschte Weekend deel geholl hunn, e grousse Merci soen. Et war erëm eng Kéier e flott Zesummesinn am Hotel Sonnenhof zu Dietzenbach an berächert gouf de Weekend och nach vun 6 Schwäzer Kollegen, déi bei eis am Hotel geschlof hunn an e Sonndeg mat eis am Konvoi op Mainhausen gefuer sinn. Mer hunn vill gelaacht an ausgetosch an och vill Pläng fir eng gemeinsam Zukunft am Interessi vun eis an ëm eis Mustangen an d'Wee geleet.

 

Um Meeting si mer dann och net eidel ausgangen. De Marc Winandy krutt mat sengem Boss 302 den 1. Präiss fir säin ganz originalen Auto a senger Klass a well mer deen Club mat deene meeschten Autoen um Treffen waren, konnte mer des Eierung mat Heem bréngen.

 

Mer freeën eis dech e Sonndeg beim Summertour 2025 bei guddem Wieder mat dengem Mustang erën ze gesinn.

 

Léiw Gréiss.

 

Donny WAGNER

President + PR Manager  VMCL

18. Mee, Food-Truck-Festival
Weiler-la-Tour

IMG_E9588.HEIC

Friendship Tour 2025 mat de
Wild Ponies of Hanau

VMCL LOGO.JPG
WILD PONIES LOGO.JPG
10. an 11. Mee 2025
 
All 2 Joer fënnt en Friendship Tour mat eisem däitschen Partnerclub de WILD PONIES of HANAU statt. Alternativ gëtt desen Tour vum VMCL oder den WILD PONIES organiséiert .
Dësen Tour féiert eis iwwert d'Landesgrenzen eraus an ass mat engem Séjour op enger flotter Plaz verbonnen. Gutt Ambiance ass emmer nees garantéiert. 
E Merci vun eisem President:

Léiwe Member,

 

Heimat soen ech all deenen, déi beim Friendshiptour mat eisem Hanauer Partnerclub WILD PONIES OF HANAU derbai waren e grousse Merci fir déi exzellent Stëmmung, déi jiddereen de läschte Weekend matbruecht hat. Ech kommen awer och net ëmhinn dem Elke, dem Marc an eisem International Tour Organizer Pascal MERCI ze soen fir déi perfekt Organisatioun. Och haten sie super Wieder bestallt, deemno eisen Tour net besser hät kënne sinn.

 

Ech freeë mech op eis nächst Ausfahrt zesummen.

 

Bleiwt gesond an genéist dat schéint Crusing Wieder esou lang et nach do ass.

 

Keep on Stangin'

 

Léiw Gréiss.

Donny WAGNER

 

E Sonnden 4. Mee haten eis Membreren d’Geleënheet fir erem e flotten Club-Tour ze machen.

 

Bei vill Sonn an awer killen Temperaturen ass et no engem détailléierten Briefing vum Tour Organizer Marc Lederle a vun onsem President Donny Wagner ab 09h vu Jonglënster fortgaangen.

 

Am Ofstand vun 30 Sekonnen si mir mat engem professionellen Roadbook vum Elke fir de Co-Pilot ob d’Streck gescheckt ginn. Eng gutt Konzentratioun war scho gefuerdert fir déi 3h03min an 133km erfollegräich ze meeschteren. Iewwert Meesebuerg, Biissen, Useldéng, Gäichel, Nidderkäerjeng ass et op Steebrécke gaang wou mir eis et e puer Stonnen beim “Kueb” gutt goe geloss hunn.

 

Alles an Allem perfekt organiséiert an e volle Succès wéi eise President nach an engem Merci festgehalen huet :

 

 

« Léiwe Member,

 

No engem erfollegräiche Fréijoerstour bei perfektem Wieder (obwuel e bessen chill) profitéieren ech vun deser Gelegenheet fir all deenen déi beim Tour derbäi waren, e grousse Merci fir hiert Dobäisinn auszedrécken an all deenen déi net derbäi waren e besse Motivatioun ze iwwerdroen, fir bei der nächster Gelegenheet an esou enger gudder Ambiance matzemaachen.

 

E ganz grousse MERCI dem Vize-Präsident Marc Lederlé a sengem Team fir déi perfekt Organisatioun an déi flott Sträck, déi sie fir eis eraus gesicht hunn. Ëmmer erëm erliewe mer nei Ecker an eisem Ländchen an dat mecht emsou méi Spaass a Freed ëmmer erëm derbäi ze sinn.

 

Fir déi, déi sech fir de Friendshiptour den nächsten Weekend ageschriwwen hunn, gesinn mer eis geschwënn erëm an all déi aner dann hoffentlech beim Summertour den 13.07.2025 just virun der Summervakanz oder bei enger anerer Ausfahrt aus eisem Kalenner (www.vintagemustang.lu).

 

Bleiwt gesond a monter an halt virun allem är Pärd (ob nei oder Classic) am Galopp😀🐎🐎

 

Léiw Gréiss.

 

Donny WAGNER

President + PR Manager  VMCL « 

Fréijoerstour 4.5.25

MUSTANG  FEVER 2025
Heusden (B) 13.04.2025

European Mustang Clubs Association
- April 17th, 2025

Join us for an exciting viewing at the European Mustang Association on April 17th, 2025! It's going to be unforgettable and filled with passion for Mustangs !

JOIN THE MUSTANG (R)EVOLUTION.

Check: #UnitedByMustang #Mustang61 #FordMustang #MustangClubEurope #EuropeanMustangAssociation

Belle Etoile Mars 2025

Notre exposition à la Belle Etoile Shopping Center fût un énorme succès.

Etaient exposés une petite sélection des plus beaux modèles de nos membres, chaque véhicule un représentant MUSTANG de son époque.
         

Dans ce cadre le VMCL a saisi l'opportunité d'une remise de cheque-don de 2000. €  à l'association " Kannerduerf ".  A part d'un engagement financiel, nous organisons régulièrement des activités au bénéfice des enfants.

Capture_edited.jpg

Extern Aktivitéiten

Besicht Dir dëst Joer d'24h Le Mans?
 

Halt wegl en Aa op #88, de Proton Competition Mustang GT3 an, virun allem, de Pilot Stefano Gattuso, deen hei am neien T-Shirt vun der European Mustang Clubs Association ze gesinn ass.
 

Join the (R)evolution. Sign up at: https://europeanmustangclubsassociation.eu/

Your club membership will grant you automatic access

 

Team Proton Competition

Ford Performance

#stefano_gattuso

LOGO VMCL.JPG
EMCOA LOGO.jpg
Capture2.JPG
Capture3.JPG

20.09.25
Team Mustang Center Nederland
Cirquit Meppen (D)

2025.20.09_ TEAM MUSTANG CENTER NERDERLAND.JPG
bottom of page